D'Miessung vum Ceilometer haut zu Tréier huet d'Couche vum Saharastëbs gutt erfaasst (orange/roud Faarfen). D'Couche huet sech och am Dagesverlaf duerch den Héichdrockafloss (Subsidenz) vun ca. 3 op 2 km Héicht erofgesat. /LM
06.03.2026 19:03 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
ℹ Gréisser Konzentratiounen un Saharastëbs maachen sech nees iwwert Westeuropa breet. Iwwert Lëtzebuerg wäerten Konzentratiounen ab haut den Owend klammen an se wäerten och déi nächst Deeg erhéicht bleiwen. D'Kaarten hei drënner weisen d'Konzentratioun a ronn 3 km Héicht. /LM
05.03.2026 10:15 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 1
ℹ🌦📈 Den Wanter 2025/2026 war um Fluchhafen Findel däitlech ze waarm (+1,6 °C), relativ dréchen (- 31.2 mm) an wéineg sonneg (- 62.9 h). Den Februar 2026 läit mat just 31,7 h Sonn knapp hannert dem Rekord vum Februar 1989 (27,2 h).
Detailléierten Bilan: https://swll.to/BBinHS (🇨🇵/🇩🇪)
/LM
02.03.2026 13:31 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
⚠❄ #vigilanceJaune Tendenz a punkto Schnéicouche fir den Owend weist liicht no ënnen. D'Probabilitéit fir eng Couche vun op d'mannst 1 cm am Guttland iwwert 300 m ass geréng, am Éislek iwwert 400 m sinn weiderhin 1-5 cm méiglech. Rezentsten Output vum Nowcast-Modell fir 23h00 👇 /LM
18.02.2026 13:15 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
⚠❄ #vigilanceJaune Den aktuellen Modellkonsens ass deen, datt signifikativ Nidderschléi eréischt haut den Owend opzéien wäerten. Haaptsächlech iwwert 400 m sinn 2-5 cm Neischnéi méiglech tëschent 19h00 an 24h00, op den héchsten Koppen am Éislek eventuell esouguer e bësse méi 👇 /LM
18.02.2026 07:50 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
ℹ️❓❄️ Gréisser Onsécherheeten bestinn fir d'Wieder vu muer a punkto Schnéi wéinst enger komplexer Frontenstruktur. Fänkt et schonn Mueres un mat schneien oder eréischt Owes? Aktuell Probabilitéiten fir eng Schnéicouche um 13h00 an 23h00 👇🏻 /LM
17.02.2026 18:37 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
⚠️❄️ #vigilanceJaune Haut am spéiden Nomëtteg erreecht eis eng aktiv Front, déi bis an d'Nuecht eran verbreet fir 1-4 cm Neischnéi suerge wäert. Op den Éisleker Koppen sinn och mol 5-7 cm méiglech! Aktuell Modell-Guidance 👇🏻 /LM
15.02.2026 08:36 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
📈⚡ Wéi vill Blëtzer schloen an der Moyenne pro Joer zu Lëtzebuerg an? Wéi eng Regiounen sinn am meeschten betraff? Äntwerten sinn an der éischter Blëtzklimatologie fir Lëtzebuerg ze fannen 👇
🇩🇪 https://swll.to/icCGoI
🇫🇷 https://swll.to/9ggzFG
Kompletten Bericht: https://swll.to/LAxt0
/LM
05.02.2026 07:00 —
👍 2
🔁 2
💬 0
📌 0
📈 ℹ Den Januar 2026 war ze dréchen an zimmlech dréif um Fluchhafen Findel (Ofwäichungen zu der Referenz 1991-2020 a Klammeren).
🌡 1,2 °C (- 0,2°C)
☔ 50,9 l/m² (- 21,1 l/m²)
☀ 23,9 h (- 28,1 h)
Den Detail: https://swll.to/jGmO2gO
/LM
03.02.2026 15:45 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
⚠️🧊 #vigilanceJaune Den Nidderschlag huet d'Land mëttlerweil bal ganz verlooss (👇). Dermadder geet d'Geforenlag och lues a lues op en Ënn. Um Findel ass Advektiounsniwwel opkomm, Temperatur aktuell +0,1 °C. Kleng Randnotiz: e Mëttwoch erwaarden eis Héchsttemperaturen ëm 8 °C. /LM
12.01.2026 08:19 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
⚠️🧊 #vigilanceJaune D'Haaptnidderschlagsgebitt vun der Waarmfront mat gefréierendem Reen oder Fisemreen zitt elo vu Westen eran. D'Temperatur wäert an den nächsten Stonnen iwwert 0°C klammen - fir d'éischt verbreet am Guttland, dono am Éislek. Aktuell Radaranimatioun 👇 /LM
12.01.2026 05:55 —
👍 2
🔁 1
💬 0
📌 0
⚠️🧊 #vigilanceJaune Fuerplang op +/- 1 Stonn fir muer no aktuelle Modeller:
02h-04h: Glëtz/Äiskären am ganze Land méiglech
04h-06h: zäitweis bësse Gefisems, dat fréieren kann
06h-09h: Haaptrisiko fir Glëtz am Eislek, am Guttland éischter lokale Risiko
/LM
11.01.2026 20:11 —
👍 1
🔁 2
💬 0
📌 0
⚠️🧊 #vigilanceJaune Et bleift dobäi, datt muer tëscht 03h an 10h (am Guttland bis 08h) e gréissere Risiko fir Glëtz besteet. Vu dass d'Temperatur sech ronderëm 0°C beweege wäert, ass den méiglechen Impakt am Beruffstraffic net evident. Et gëlt egalwéi opzepassen! /LM
11.01.2026 14:30 —
👍 2
🔁 3
💬 0
📌 1
ℹ️❄️ Bis an den fréien Nomëtteg eran wäert et nach liicht schneien duerch d'Iwwerreschter vum Stuermdéif #Goretti. 1 cm Neischnéi kann dobäi plazeweis nach zesummekommen, haaptsächlech am Guttland. Aktuell Radaranimatioun 👇🏻 /LM
10.01.2026 08:56 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
⚠️❄️ #vigilanceJaune #Goretti Wéi geet et mam Schnéi virun? D'Probabilitéit klëmmt ab 16h, datt den Schnéi am Norden iwwert 400 m ufänkt leien ze bleiwen. Bis um 02h an der Nuecht sinn un der Nordspëtzt > 5 cm méiglech, am Guttland generell < 1 cm, ausser um Plateau bei der franséischer Grenz. /LM
09.01.2026 12:03 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
⚠️🌧️🌬️ #vigilanceJaune #Goretti Den Kär vum Stuermdéif läit aktuell iwwert dem Westen vun der Belsch. D'Satellittebildanimatioun weist den ästheteschen Wollekenwierbel! Den Wand wäert elo bis circa 11h00 seng maximal Stäerkt erreechen, dono schwächt en sech graduell of. /LM
09.01.2026 07:23 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
⚠️ #vigilanceJaune Och wann den Stuerm #Goretti fir geféierlecht an turbulent Wieder an Westeuropa suergt, ass et aus 36.000 km Héicht en absolutten meteorologeschen Augenschmaus! Animatioun weist de Stuerm opgeholl mam Waasserdampkanal vum @eumetsat.int MTG-Satellit. /LM
08.01.2026 16:14 —
👍 2
🔁 1
💬 0
📌 0
⚠🌧 #vigilanceJaune #Goretti Och d'Nidderschlagsquantitéiten wäerten ab haut den Owend en Thema ginn. Verbreet muss een innerhalb 24 bis 30 Stonnen mat 25-40 l/m² rechnen, Richtung Westen am Stau vun der Ardennen sinn och 50 l/m² net auszeschléissen. Aktuell Ensemble-Guidance vum DWD-Modell 👇 /LM
08.01.2026 13:45 —
👍 0
🔁 1
💬 0
📌 0
⚠🌬 #vigilanceJaune Mam Stuermdéif #Goretti wäert de Wand um Freideg sech markant verstäerken. Haaptsächlech Mueres an ronderëm Mëttesstonn sinn Wandstéiss vun 70 bis 80 km/h ze erwaarden, lokal och mol ëm 90 km/h. Aktuell Ensemble-Guidance vum DWD-Modell 👇 /LM
08.01.2026 07:00 —
👍 1
🔁 2
💬 0
📌 0
⚠️❄️ #vigilanceJaune Dat aktuellt Nidderschlagsgebitt huet sech als méi schwaach erwisen ewéi d'Modeller dat ugedeit haten. No der aktueller Nowcast-Guidance vum @dwdderwetterdienst.bsky.social-Modell (👇) kéint bis Mëtternuecht nach knapp 1 cm dobäi kommen. /LM
07.01.2026 13:55 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
⚠️❄️ #vigilanceJaune D'Nidderschlagsgebitt huet mëttlerweil den Norden an Westen vum Land erreecht. Am Beräich vun den gréngen Reflektivitéiten (20-30 dBZ) ass méi staarke Schnéifall méiglech. Aktuell Radaranimatioun 👇 /LM
07.01.2026 10:46 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
⚠🌨 #vigilanceJaune Muer um Mëttwoch erreecht eis ronderëm d'Mëttesstonn nees vu Westen eng Schnéifront, déi verbreet 1-3 cm Neischnéi produzéiere wäert. Plazeweis sinn och mol ëm 5 cm Neischnéi méiglech. Dat meescht wäert bis ca. 18h erofkommen, dono sinn nach vereenzelt Schaueren ze erwaarden. /LM
06.01.2026 15:15 —
👍 2
🔁 1
💬 0
📌 0
ℹ️🌦📈 D'Joer 2025 war um Fluchhafen Findel waarm, naass an immens sonneg (Ofwäichungen zur Referenz 1991-2020 a Klammeren)!
🌡 10,5 °C (+ 0,7 °C)
☔️ 946,8 l/m² (+ 115,5 l/m²)
☀️ 2052,5 h (+ 249,6 h)
Den Détail: www.meteolux.lu/fr/actualite...
Annuaire: www.meteolux.lu/fr/produits-...
/LM
02.01.2026 14:19 —
👍 3
🔁 1
💬 0
📌 0
ℹ️ ❄️ Déi éischt wanterlech Nidderschléi sinn schonn ënnerwee mat liichter Intensitéit. Glat Stroosseverhältnisser sinn ze erwaarden! Aktuell Radaranimatioun 👇🏻 /LM
31.12.2025 18:46 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
ℹ️ ❄️ Muer op Neijooschdag besteet vum spéiden Virmëtteg un bis Owes en Risiko fir zäitweis gefréierenden Fisemreen, ofwiesselnd mat Schnéigegrimmels. Et gëlt deemno opzepassen! /LM
31.12.2025 13:24 —
👍 2
🔁 2
💬 0
📌 0
ℹ🌬 Muer op Hëllegowend an och déi Nuecht drop wäert de Wand méi stramm blosen. Verbreet sinn Wandspëtzten vun 50-60 km/h ze erwaarden, am Guttland sinn lokal och mol 65-70 km/h méiglech. Doduercher wäert déi gefillten Temperatur och däitlech méi niddreg sinn ewéi déi gemoossen. /LM
23.12.2025 15:00 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0
ℹ🌦📈 Den Hierscht 2025 war zu Lëtzebuerg däitlech ze naass an duerchschnëttlech temperéiert. Um Findel war et mat 398.5 l/m² deen naassten Hierscht säit 1947!
Gemeinsamen Bilan mat der ASTA an AGE: https://swll.to/MD9el
Detailléierten Bilan fir den Findel: https://swll.to/trQLocx
/LM
10.12.2025 13:00 —
👍 3
🔁 1
💬 0
📌 0
⛈️ Three MeteoLux colleagues are present at #ECSS2025 this week in Utrecht 🇳🇱. Their participation is dedicated to gathering the latest scientific knowledge, and strengthening collaborations. The insights gained will directly support our mission to enhance operational forecasting of thunderstorms. /LM
19.11.2025 08:40 —
👍 2
🔁 1
💬 0
📌 0
⚠❄ #vigilanceJaune Mat enger Perturbatioun, déi Ënn der nächster Nuecht an muer de Moien duerchzitt sinn haaptsächlech iwwer 300 Meter 1 bis 5 cm Neischnéi méiglech (👇). Glat Stroosseverhältnisser sinn deemno ze erwaarden am Beruffstrafic. /LM
18.11.2025 14:25 —
👍 1
🔁 1
💬 0
📌 0