déi gréng

déi gréng

@deigreng.bsky.social

239 Followers 87 Following 24 Posts Joined Jan 2025
10 months ago

Fact-checking zum Bilan vum Kompensatiounsystem am Naturschutzgesetz:

Nodems d’CSV jorelaang kee gutt Hoer um Naturschutzgesetz vun 2018 gelooss huet, stellt de S. Wilmes haut virun des Press fest, dass de Bilan vum Kompensatiounssystem “generell positiv” & de System “effikass” ass.

3 1 1 0
11 months ago
Post image

De Kongress huet eng Resolutioun ugeholl fir eng #staarkdemokratie #gK2025

9 0 0 0
11 months ago

@tillymetz.bsky.social Well mir net just kurzfristeg finanziell Bénéficer an de Vierdergrond stellen an eis ëmmer erëm wieren mat aller Kraft wann een oder hei een.t mat der Motorsee déi vulnerabelst an enger Gesellschaft an d’Ëmwelt wëll attackéieren! #gK2025

6 0 0 0
11 months ago

@tillymetz.bsky.social Europa a Lëtzebuerg mussen elo net just a militäresch Sécherheet investéieren, mee och an déi sozial Sécherheet. De soziale Pilier ass keen "nice to have" en ass indispensabel #gK2025

7 0 0 0
11 months ago

@tillymetz.bsky.social Elo muss den Här Hansen als Landwirtschaftscommissaire irgendwann och Faarf bekennen, fir dass jidfereen.t an Europa sech eng gesond Ernährung leeschte kann a fir dass mer och an Zukunft eng Ernährungssecherheet hunn! #gK2025

6 0 0 0
11 months ago
Post image

@tillymetz.bsky.social : De gréisste Feind vun engem europäeschen Denken a vum europäesche Projet sinn national Egoismen. Mir brauchen haut net einfach manner, mee méi harmoniséiert Reegelen an Europa! Ob an der Défense, am Konsumenteschutz, oder och bei de soziale Rechter. #gK2025

9 1 0 0
11 months ago

@samtanson.bsky.social Den Natur- a Klimaschutz huet keeng Stëmm méi an der Regierung. D’Pionéier vun der Energietransitioun si massiv veronséchert ginn. Déi nächst 39 Méint maache mir Oppositiounspolitik, déi net nëmme géint d’Regierung geet – mee fir déi, déi keng Lobby hunn.
#gK2025

10 2 0 0
11 months ago

@samtanson.bsky.social sozial gerecht Entlaaschtung fir Mëttelschicht a kleng Revenuen. Déi Leit investéieren hir Suen net an Aktien a spekulativ Immobilien mee an d’Ekonomie vum Alldag: am Supermarché beim Handwierk bei de lokale Betriber. Zousätzlech Recetten däerfen net hir Käschte goen. #gK2025

9 2 0 0
11 months ago

@samtanson.bsky.social iwwer d’Prioritéite vun der Regierung: Iwwer zwou Milliarden Euro u Steiercadeauen, déi zënter dem Regierungswiessel am Pluriannuel festgehalen goufen – fir Entreprisen, Promoteuren an haaptsächlech déi, déi souwisou scho genuch hunn. #gK2025

9 2 0 0
11 months ago

@samtanson.bsky.social Den Invest an d’Défense dierf net déi aner Baustellen iwwerdecken. Net d’Klima- an d’Biodiveritéitskris. Net déi sozial Ongläichheeten. Net déi Kanner, déi an d’Armut rutschen. Net déi Mënschen, déi schaffen an trotzdeem net iwwer d’Ronnen kommen. #gK2025

9 2 0 0
11 months ago
Post image

Fraktiounspresidentin @samtanson.bsky.social : Sécherheet ass net nëmmen d’Feele vu Gefor – mee d’Präsenz vu Perspektiv. #gK2025

7 1 0 1
11 months ago
Post image

Roland Herrmann, Genderrot: Gläichberechtegung ass net eppes wat "mat der Zäit" passéiert. Et geschitt just, wa mir aktiv dru schaffen. Wa mir ophalen, Fraen, Meedercher – an och Jongen – an al Këschten ze stiechen. #gK2025

6 0 0 0
11 months ago
Post image

Iness Chakir: Politik ass eng Fro vu Courage. An wa bestëmmte Leit dee Courage net méi hunn, da gëtt et
vläicht Zäit, d’Plaz deenen z'iwwerloossen, déi en hunn..
D'Zukunft gehéiert net deenen, dei Angscht
maachen. Si gehéiert deenen, déi Angscht huelen. #gK2025

6 0 0 0
11 months ago

Iness Chakir, Co-Spriecherin déi jonk gréng: On aime bien se réjouir de notre PIB par habitant. Mais ce qu'on ne dit pas, c'est que les inégalités explosent, que le logement devient un luxe, et que pour trop de jeunes, avoir un avenir ici relève plus du privilège que du projet de vie. #gK2025

6 0 0 0
11 months ago

déi jonk gréng Co-Spriecher Kris Hansen: Et gi Parteien a Politiker*innen, de Leit geziilt Ängscht ajoen, fir un d’Muecht ze kommen, fir onbeléifte Fuerderungen ëmzesetzen oder hir eegen Inkompetenz ze verstoppen. D’CSV an d’DP maachen et, jo souguer hir Jugendpolitiker*inne maachen et. #gK2025

7 0 0 0
11 months ago

@fbenoy.bsky.social Elo ass Zäit fir sech z'engagéieren a fir dat ze kämpfen wat eist Liewen sou liewenswäert mécht; eis Fräiheeten, eis demokratesch Grondwäerter, eist solidarescht Zesummeliewen, Chancegläichheet an eise Planéit. Néierens geet dat esou gutt wéi bei déi gréng! #gK2025

7 1 0 0
11 months ago
Post image

Cospriecher @fbenoy.bsky.social zur Energietransitioun: Heimat appeléieren ech vehement un DP an CSV: haalt op Steng an de Wee ze leeën, an dem Land d’Loscht op d’Energietransitioun ze huelen, mee maacht do weider, wou mir virun 2 Joer opgehalen hunn. Dat ass de Wee fir d’Zukunft! #gK2025

8 1 0 0
11 months ago
Post image

Ech sinn an der Läscht oft drop ugeschwat ginn, ob mir greng elo keng Friddenspartei méi wieren? Dach, natierlech! D’Fro ass eben just: wat musse mer maachen, fir sécherzestellen, dass eise Fridden eis erhale bleiwt? Dass eis demokratesch Strukturen, eis Fräiheeten an eis Wäerter erhale bleiwen?

5 0 0 0
11 months ago

Co-Spriecherin Stéphanie Empain: Zesummen als Europa si mir staark - a sollten eis net ënner Wäert verkafen. Wichteg ass, dass mer eis net ausernanerdreiwe loossen a genee deenen anti-europäesche Kräften de Bass halen, déi eis an de läschte Joeren versicht hunn ze spalten. #gK2025

4 0 0 0
11 months ago
Post image

Begréissung duerch eis gréng éischt Schäffin an der Gemeng Nidderaanven Josselijn Cames de Vries #gK2025

4 0 0 0
11 months ago
Post image

Gudde Moie vum grénge Kongress #gK2025 zu Ueweraanven. Geschwë geet et lass.

3 0 0 0
1 year ago
Post image Post image Post image Post image

Marche féministe! 💪🏻

7 1 0 0
1 year ago
Post image

Onse Gemengeconseiller Stephen De Ron ass vum Marc Lies ënnert der Gürtelligne attackéiert ginn. Et ass net déi éischte Kéier, dass den CSV Buergermeeschter sech net am Grëff huet.
Dass d’CSV sech schützend souguer dann hanner hiren Deputé-Maire stellt, wann en anerer bedrot, ass inacceptabel.

10 6 1 0
1 year ago
Post image Post image

Satisfaite que notre motion @deigreng.bsky.social concernant la situation dramatique en RD #Congo et le soutien des sanctions à prendre contre les responsables rwandais des exactions ait été adoptée à l’unanimité par la Chambre des députés du Luxembourg clarifiant ainsi enfin la position 🇱🇺

11 3 1 1
1 year ago
Post image

Den Eclat vu gëschter vum Trump weist alt nees: d’US Regierung ass kee verlässlesche Partner.D’Ukrain brauch ons gemeinsam Ënnerstëtzung! E staarkt Europa dierf sech net splécke loossen. Mir sti fest un der Säit vun der Ukrain a fir ons demokratesch Wäerter. ✊🌍 #StandWithUkraine #EUUnity #Demokratie

20 5 0 0
1 year ago
Post image Post image

Mer hunn haut zu 6 Parteien eng Resolutioun géint Attacken op Mënscherechter déposéiert, dat no dem rezenten Haasspost den vun engem Deputéierte geliked gouf

23 5 3 2
1 year ago

Méi netto vum brutto Versioun CSV-DP : Präis vum elektresch +43.9% am Januar! De Gros dovu geet op d’Erofschrauwe vum Energiepräisdeckel zeréck. Inflatioun vun 1 op 1,9% an engem Mount. D’Haushalter mussen dat ausbueden & et schwächt d’Ekonomie. 👎

15 9 3 0
1 year ago
Post image Post image

Als 8 jonk Politiker*innen aus 4 Parteien fuerdere mir an engem Bréif un de Premier an de Chamberspresident en iwwerparteilechen Effort fir eis Demokratie ze stäerken.

Mir däerfen Trump, Musk a Co d‘Feld net iwwerloossen.

Du wëlls eis Initiative ënnerstëtzen? Ënnerschreif hei ➡️ chng.it/Xwn84sgn7b

10 3 1 2
1 year ago

Grad an desen Deeg wou emmer mei Fäll bekannt gin wou déi vulnerabelst Famillen, Kanner, Kranker aus Flüchtlingsfoyeren expulseiert ginn, vermesst een dach awer d'Caritas ganz besonneg vill...

9 1 1 0
1 year ago

Mee dofir dierf d’Regierung net schlofen an op sou engem wichtegen Thema wéi dem Klimaschutz net just splécken a polemiséieren. D’Léisunge leien um Dësch, d’Regierung muss de Courage weise fir se ëmzesetzen. 3/3

2 0 0 0