André "MCKitkat" Marques's Avatar

André "MCKitkat" Marques

@mckitkat.bsky.social

Co-Spokesperson @dei-lenk.bsky.social | Historian | Gamer (he/him) | Multilingual (🇺🇸/🇬🇧,🇩🇪,🇫🇷,🇱🇺,🇵🇹)

368 Followers  |  471 Following  |  801 Posts  |  Joined: 30.08.2023  |  1.8524

Latest posts by mckitkat.bsky.social on Bluesky


Am Plaz also méi an de Logement ze investéieren, an politesch Entscheedung ze treffen fir Loyeren ze deckelen, fir manner Steierkaddoen un räich Promoteuren ze maachen. Am Plaz mam Staat méi ze bauen, gëtt d'Logementskris einfach als Normalitéit ugesinn. Wat e fuerchtbaren Message vun engem Minister

11.02.2026 10:14 — 👍 1    🔁 0    💬 0    📌 0
E Reproche, dee beim Max Hahn net gutt ukoum: “Jo, de Familljeminister kennt säi Rôle ganz gutt. Ech mengen, ech sinn do, fir deene vulnerabele Leit ze hëllefen. A mir wëssen, dass Wunnen hei zu Lëtzebuerg deier ass. Fir jiddereen hei zu Lëtzebuerg: Lëtzebuerger, Net-Lëtzebuerger, a jo, dat gëllt och fir d’Flüchtlingen. An dofir ass et mir ganz wichteg, an dat hunn ech do net fir d’éischt gesot, ech soen dat all Kéiers, wann ech Flüchtlinge begéinen. An ech begéinen där ganz vill, dass mir hei zu Lëtzebuerg eben en deiert Liewen hunn, mat ganz deiere Wunnpräisser. Dofir gëllt et keen Dag ze verléieren, fir d’Sproochen ze léieren, fir sech weiderzebilden, fir esou séier wéi méiglech an Aarbecht ze kommen. Well soss kënnen déi Leit hei zu Lëtzebuerg net reusséieren. Dat ass den Appell, deen ech maachen. An ech mengen, do sinn ech doudéierlech, do sinn ech genee am Rôle vun engem Familljeminister.”

E Reproche, dee beim Max Hahn net gutt ukoum: “Jo, de Familljeminister kennt säi Rôle ganz gutt. Ech mengen, ech sinn do, fir deene vulnerabele Leit ze hëllefen. A mir wëssen, dass Wunnen hei zu Lëtzebuerg deier ass. Fir jiddereen hei zu Lëtzebuerg: Lëtzebuerger, Net-Lëtzebuerger, a jo, dat gëllt och fir d’Flüchtlingen. An dofir ass et mir ganz wichteg, an dat hunn ech do net fir d’éischt gesot, ech soen dat all Kéiers, wann ech Flüchtlinge begéinen. An ech begéinen där ganz vill, dass mir hei zu Lëtzebuerg eben en deiert Liewen hunn, mat ganz deiere Wunnpräisser. Dofir gëllt et keen Dag ze verléieren, fir d’Sproochen ze léieren, fir sech weiderzebilden, fir esou séier wéi méiglech an Aarbecht ze kommen. Well soss kënnen déi Leit hei zu Lëtzebuerg net reusséieren. Dat ass den Appell, deen ech maachen. An ech mengen, do sinn ech doudéierlech, do sinn ech genee am Rôle vun engem Familljeminister.”

Dës Äntwert vum Minister Hahn ass erbärmlech an eng absolut Bankrotterklärung fir de Logement zu Lëtzebuerg. Et ass en kloert: "Tjo, Pech domm gaangen, dat ass eben esou ze Lëtzebuerg. Géi schaffen an dann klappt et schonn"

Dobäi ass ganz kloer, dass souguer schaffen keen Logement garantéiert...

11.02.2026 10:11 — 👍 1    🔁 0    💬 2    📌 0

Den Schwätz Mat war also just eng Pre-Diskussioun fir déi Diskussioun déi elo kommen wäert zu de Pensiounen. Ech gleewen kaum dorunner...

18.12.2025 15:19 — 👍 0    🔁 0    💬 0    📌 0

Bon anscheinend ass jiddereen deen demols just Hallefstonnen geschafft huet selwer Schold, dass en elo mat der Mindestpensioun net genuch kritt fir ze liewen. Den Schockmel als grousse Feminist kennt sech eben aus mat der Situatioun vun ville Fraen. Ey ech kéint katzen...

18.12.2025 15:16 — 👍 0    🔁 0    💬 1    📌 0

DP wëll net Deplafonnéieren an erzielt eis wéi onsolidaresch de Pensiounssystem ass well e puer Léit anscheinend ze vill Pensioun kréien an doduerch déi breet Schëlleren net genuch ofginn. DP déi dann och nach all de Räichen Stéierkaddoen mëscht???? Really, that's your move????

18.12.2025 15:06 — 👍 0    🔁 0    💬 1    📌 0

"Sechert Stabilitéit ouni Zukunft ze blockéieren" ass esou en näischtaussoenden Saz... E Gesetz kann keng Zukunft blockéieren, et kann ëmmer geännert ginn. Dat asskeng Fatalitéit...

18.12.2025 15:01 — 👍 0    🔁 0    💬 1    📌 0

Dach, dat ass de exatken Grond firwat mir déi Reserven hunn. Si sinn do fir genotzt ze ginn. Wann domadder just e Rendement geséchert soll ginn, dann soll een dReserve ofschafen an ersetzen duerch e Fonds wou just Suen soll maachen. Momentan ass déi Reserve awer dofir do fir de System ofzesecheren..

18.12.2025 14:55 — 👍 0    🔁 0    💬 1    📌 0

An wéi kann een d'Ried zur Lag vun der Natioun einfach ëmschreiwen. natierlech ass dRegierung virgeperscht mat enger absolut Radikaler Propose déi ni diskutiert oder zur Diskussioun stoung. An just well 20.000 Léit op der Strooss waren, ass een zeréckgeruddert!

18.12.2025 14:53 — 👍 0    🔁 0    💬 1    📌 0

Ech war och um Schwätz Mat dobäi an ech kann kloer soen, dat war eng komplett onnéideg Diskussioun. Et gouf keen Echange, mir hunn alleguerten 2 Minutten laang eis Positiounen virgestallt an dat war et. Dat ass den Numm "Diskussioun" net wäert. Wat gouf dann, ausser de Studiejoeren, zeréckbehalen?

18.12.2025 14:52 — 👍 0    🔁 0    💬 1    📌 0

Reformpropose zum Pensiounssystem ass eng komplett Ideologesch Entscheedung. Et ass eng Entscheedung d'Léit méi laang schaffen ze doen woubäi Meiglechkeeten do sinn fir et ze änneren.

Mir kënnen och net den Wuesstum kritiséieren an zäitgläich eng Gesamtpolitik maachen déi just op Wuesstum baséiert

18.12.2025 14:50 — 👍 0    🔁 0    💬 1    📌 0

An d'Motioun gëtt jo de Betriber Zäit fir mam Gesetz emzegoen, dat ass also iwwerhaapt keen gültegt Argument fir et ofzeleenen. Et ass kloer, dass een wuel Angscht virun esou enger Studie huet, wëll do wuel eppes ganz aneres geif erauskommen wéi haut vun der Majoritéit gestëmmt an gefuerdert gouf...

18.12.2025 11:07 — 👍 0    🔁 0    💬 1    📌 0

Dass d'Majoritéit d'Motioun fir eng Analyse vum Impakt ofleent wéist ganz kloer, dass hinnen d'Suergen an d'Wuel vun de Salariéen absolut egal ass. Et geet haaptschlech de grousse Betriber eng Faveur ze maachen an ze hoffen, dass no dem Vote keen méi soll drun vréckelen goen.

18.12.2025 11:05 — 👍 1    🔁 0    💬 1    📌 0

Konkurrenz vum Online-Handel entgéintwierken? Eventuell den Steiersystem deen just Amazon an aner grouss Online-Händler bevirdeelegt emänneren? Aktuell schafft den Lëtzebuerger Staat géint de kléngen Commerce an deem de System déi benoodelegt!

18.12.2025 09:49 — 👍 2    🔁 0    💬 1    📌 0

Et geet also iwwerhaapt net em den Salarié oder eis als potentiell Clienten, et geet just em déi grouss Betriber déi dat fuerderen an och am meeschten dovunner profitéieren wäerten.

18.12.2025 09:46 — 👍 0    🔁 0    💬 1    📌 0

Yep, d'Ëffnungszäiten am Commerce betreffen och ganz vill aner Beräicher déi an Zukunft och dorunner gleewen wäerten. Botzpersonal, Créchen, Security, Transport, etc.

Och immens, déi nämlecht Regierung déi d'Auerzaiten am Commerce wëll erweideren, kierzt den Nuetsservice vum TICE. Super Planung!

18.12.2025 09:45 — 👍 0    🔁 0    💬 1    📌 0

Commerces à proximité: Komm mir huelen all déi Steiervirdeeler déi Amazon an aner grouss Multinationalen kréien an de Staat notzt déi Suen fir stattdessen lokal Epicerien opzemaachen! Dat wier jo eppes fir de Commerce an fir eis Quartieren an Dierfer/Stied!

18.12.2025 09:36 — 👍 0    🔁 0    💬 1    📌 0

A wann d'Chamber et haut net packt fir nach Kaddoen akaafen ze goen, géif et hëllefen wann een net alles haut duerchdrécken wéilt.

18.12.2025 09:35 — 👍 0    🔁 0    💬 1    📌 0

Ech sinn fréi genuch wakreg fir mir d'Chamber ze gönnen.

E bëssi komesch wann vun der DP verfecht gëtt dass Schaffen sech och Lounen soll, wann den aktuellen Mindestloun iwwerhaapt net duergeet an dës Regierung sech weigert fir der EU Direktiv folleg ze leeschten....

18.12.2025 09:33 — 👍 3    🔁 1    💬 1    📌 0

Den Nationale Armutsplang ass awer schonn hefteg: Kannergeld an d'Luucht, Aarbechtsminister eraus.

08.12.2025 13:38 — 👍 2    🔁 0    💬 0    📌 0

Net mat eis! @dei-lenk.bsky.social wäerten den Index weider verdeedegen an bei eisem Pensiouns- an Gesondheetssystem weiderhin op den solidareschen an universelle Model setzen!

Et sinn eis Pensiounen, et ass eis Gesondheet! Et sinn net hir Profitter!

01.12.2025 11:51 — 👍 0    🔁 0    💬 0    📌 0

An natierlech steiert sech den Assurancensecteur um Index. Do ass een wuel nach net zefridden genuch dass dës Regierung eise Pensiouns- an Gesondheetssystem fir si opmaachen wëll.

Déi kënnen de Mond net voll genuch kreien!

01.12.2025 11:48 — 👍 0    🔁 0    💬 1    📌 0

Laut ACA kommen vill Assureuren op Lëtzebuerg well hei eng Sécherheet besteet déi wichteg ass fir de Business, dat wuel duerch eng stringent Regulatioun.

Mee fir d'ACA soll een net ze vill reglementéieren, sécher net méi wéi d'EU vue dass et schlecht fir de Business ass.

Wat dann elo?

01.12.2025 11:41 — 👍 0    🔁 0    💬 1    📌 0

Firwat sinn Taliban bémol normaliséiert? An an Syrien en Ex-Terrorist an Radikalen Islamist? Dat ass net duerch eng Lénk gewuess, dat ass alles den Rietskonservativen ze verdanken!

Einfach mol genau hikucken am Plaz sech an der "grousser Verschwörung" ze verennen!

24.11.2025 14:17 — 👍 1    🔁 0    💬 0    📌 0

Alles Elementer déi am Walprogramm vun den Radikalen Islamisten stinn. Nee elo mol éierlech, wat ass dat fir en absoluten Kabes?

Mir hunn Rietskonservativ Parteien déi oppen mat Rietsextremer zesummeschaffen an Dealer mat Radikalen Islamisten aginn mee stattdessen ginn Verschwörungstheorien gepusht

24.11.2025 14:17 — 👍 1    🔁 0    💬 1    📌 0

Wien kennt et net: déi Lénk probéiert Radikal Islamisten zu Lëtzebuerg als Wieler ze gewannen duerch: *checks notes*

- IVG an der Verfassung ze verankeren
- Fraerechter auszeweiten
- E bessere Schutz a Gläichberechtegung vun der LGBTIQ+ Communautéit
- En Asaz fir Mënscherechter an Droit Intern.

24.11.2025 14:17 — 👍 2    🔁 1    💬 1    📌 0

Dass mir zu Lëtzebuerg just 60 Deputéierten hunn, déi dann och just 3 Deeg an der Woch Sëtzungen kënnen hunn ass einfach erbärmlech fir eis Bananenrepublik.

Montenegro an Malta hunn méi Deputéierten bei manner Awunner.

Mir brauchen Deputéierten a Vollzäit an och der méi fir effektiv ze schaffen.

18.11.2025 10:37 — 👍 2    🔁 0    💬 0    📌 0

De Macron wëll also dass den RN gewënnt, anescht kann een déi Re-Nominatioun net verstoen.

Hien huet den Iwwerbléck komplett verluer, keen Wonner wann een de ganzen Zaiten am Elfenbeinturm sëtzt.

10.10.2025 22:05 — 👍 0    🔁 0    💬 0    📌 0

500 Dausend Euro zu Diddeleng an d'Stad Lëtzebuerg traut sech mol net ze soen wéi vill den Hang-Over-To-Willy den Gemengen kaschten wäert.

Et soll ni méi een soen, dass mir fir A oder B keng Suen hunn. Dat ass komplette Blödsinn. De Frick ass do, just de politesche Wëllen deen feelt.

29.09.2025 14:09 — 👍 2    🔁 0    💬 0    📌 0
Preview
Pensiouns rechner.

Zum Presseclub vum 21. September:

Jo et gett Proposen fir den Pensiounssystem iwwer 30 Joer ze secheren, op Pensiounen.lu ;)

An jo, dat ass och gerecht vis-à-vis vun de Jonke Generatiounen déi sech dann fir eng laang Zait keng Gedanken musse maachen an dann kënne mir un de Logement goen ;)

26.09.2025 14:03 — 👍 2    🔁 0    💬 0    📌 0

A fir déi déi dat ze verantworten hunn: Ech wënschen äerch de Blödsinn all Dag mussen duerchzeliewen fir ze realiséieren wat en absoluten Schäissdreck dat alles ass. Multi-Modal Mobilitéit my ass...

15.09.2025 06:16 — 👍 0    🔁 0    💬 0    📌 0

@mckitkat is following 20 prominent accounts